iHelef Gratis Tech Support!

đŸ‡±đŸ‡șđŸ‡ŹđŸ‡§đŸ‡«đŸ‡·đŸ‡©đŸ‡ȘđŸ‡”đŸ‡č iHelef ass eng SĂ€it dĂ©i zanter 2007 gegrĂ«nnt gouf. Vun luesen Laptops bis bei speziell Gaming-PCs.
(568)

Ech hĂ«llefen den Leit gratis mat Reparaturen an Upgrades fir bĂ©id Windows a Mac. Ech versiichen d’Technologie mĂ©i einfach fir jiddereen ze maachen!


đŸ› ïž Gratis Diagnosen & Computer Reparaturen
đŸ’» Windows & Apple MacOS Support
🎼 Custom PC Builds (Gaming, Schaff & Casual)
đŸ“± Android & iOS Software-HĂ«llef


đŸ‡±đŸ‡ș LĂ«tzebuergesch
🇬🇧 English
đŸ‡«đŸ‡· Français
đŸ‡©đŸ‡Ș Deutsch
đŸ‡”đŸ‡č Portugues

No all deenen Joeren wou et den iHelef Gehais gëtt, an ee gudde success huet, presenteieren ech iech elo den nÀchsten pr...
31/03/2026

No all deenen Joeren wou et den iHelef Gehais gĂ«tt, an ee gudde success huet, presenteieren ech iech elo den nĂ€chsten produkt! đŸ€—

Momentan ass et schwĂ©ier RAM Kaarten ze krĂ©ien also hunn ech zesumme mat Micron zu Taiwan dei iHelef RAM hierstellen geloos! đŸ„ł

Dei kritt een am WÀissen esuwei am schwaarzen an als kit vun 2x 16GB DDR5 mat 6000 MHz. Leider net mei weder manner well soss gett Produktioun ze deier also hunn ech déi geholl wat oft verbaut gëtt.

DĂ©i RAM Kaarten kĂ«nnt dir elo bei mir ufroen an gĂ«tt op Ufro bestallt. 😊

Moien alleguer đŸ‘‹đŸ» Ech wollt iech  informĂ©ieren dass ech eng hallef Paus maachen.Et leeft wierklech super, ech si frou an...
05/12/2025

Moien alleguer đŸ‘‹đŸ»
Ech wollt iech informéieren dass ech eng hallef Paus maachen.

Et leeft wierklech super, ech si frou an hĂ«llefen iech immens gĂ€r awer duerch dĂ©i aktuell Problemer mat Amazon an dĂ©i verrĂ©ckt PrĂ€isserhĂ©ichungen bei de Komponenter, hunn ech geduecht, et wier besser fir eng kleng Paus ze maachen. Ech hunn och verschidde Saachen, op dĂ©i ech mech muss konzentrĂ©ieren. đŸ„Č

Ech sinn net komplett fort.
Ech kucken Ă€rt Noriichten weiderhin awer et ass ganz mĂ©iglech dass ech iech recommandĂ©ieren fir irgendwou aanescht hĂ«llef ze sichen. Wann dir eng gutt Erfarung mat engem aneren Techniker oder GeschĂ€ft gemaach hudd, kĂ«nnt dir mir dat gĂ€r mellen, esou kann ech dĂ©i Persoun / dat GeschĂ€ft och weiderempfeelen. đŸ‘ŒđŸ»

PC Opbauen maachen ech nach, esou laang bis ech nĂ€ischt op Stock hunn. Awer mat de PrĂ€isser elo... ass leider net mĂ©iglech een professionelle PC oder Gaming PC Ă«nner 1000€ ze maachen an dat ass ouni eng Grafikkart. 😕

🇬🇧: I won't be able to accept every request and with these crazy prices, I want to avoid unnecessary stress so I will do a semi break.

đŸ‡«đŸ‡·: Je ne pourrai pas accepter toutes les demandes et avec ces prix complĂštement fous, je prĂ©fĂšre Ă©viter du stress inutile. Je fais donc une semi-pause.

đŸ‡©đŸ‡Ș: Ich kann nicht jede Anfrage annehmen und bei diesen verrĂŒckten Preisen möchte ich unnötigen Stress vermeiden. Deshalb mache ich eine kleine Pause.

đŸ‡”đŸ‡č: NĂŁo vou conseguir aceitar todos os pedidos e com estes preços malucos, quero evitar stress desnecessĂĄrio. Por isso, vou fazer uma pausa parcial.

Ech wollt iech kuerz informéieren dass et momentan bëssen chaotesch ass an ech net wierklech eng  Méiglechkeet hunn dat ...
14/11/2025

Ech wollt iech kuerz informĂ©ieren dass et momentan bĂ«ssen chaotesch ass an ech net wierklech eng MĂ©iglechkeet hunn dat alles flĂ©issend ze laafen. 🙃

📩 MĂ€in Amazon komplett geblockt
Ech hunn aktuell ee grousst Problem mat mengem Amazon Kont. Deen ass gespaart doduerch schnell liwwerungen an genaue Datumer fir bestellungen wÀerten ongenau ginn wat meng orientatioun duerchaneen mëscht. Verspéidungen wÀerten geschéien.

💾 RAM PrĂ€isser explodĂ©ieren!
Nach Ufanks November hunn 32GB RAM 80€ kascht... Elo tĂ«schend 200€ - 300€. Dat hĂ«lleft mir net een iwwerbleck ze hunn vun den StĂ©cker wann ech ee PC ufro kreien wat doduerch och nach mĂ©i ZĂ€it ewech fĂ«llt. De grond wisou et esou dĂ©ier ass? WĂ©inst dem ganzen KI bzw. AI, US Politik an Data Zenteren dĂ©i alles opkaafen. DobĂ€i gesĂ€it net esou aus wĂ©i wann dat geschwĂ«nn erof geet...

Edit 29. November:
No zwou Wochen sinn se elo ab 300€ (wann een se iwwerhaapt kritt)

đŸ–„ïž Komponenter sĂ©ier ausverkaaft
Vill Deeler ginn momentan direkt destockéiert. Dat heescht ech muss oft Alternativen sichen well eppes owes nach do ass an moies op eemol net méi.
Dat hëllt ZÀit wat fir mech net ëmmer einfach den Iwwerbléck ze halen an hin an hier ze schreiwen.

😕 Wichteg fir dĂ©i nĂ€chst Wochen / MĂ©int
Et kĂ«nne Situatioune kommen, wou ech net 100% kann garantĂ©ieren, dass et wei geplangt oder dass et esou sĂ©ier geet wĂ©i gewinnt. Mee ech versiichen mĂ€in bĂ«scht un Iech ze wenden. Ërem, ech maachen dĂ«st gĂ€eren an bieden just fir bĂ«sse gedolt awer ech gesinn, et gĂ«tt net einfach.

🔔 Wichteg Informatioun: D’ËnnerstĂ«tzung fir Windows 10 ass eriwwer! ⚠Microsoft wĂ€ert kee SĂ©cherheetsupdate mĂ©i fir Wind...
14/10/2025

🔔 Wichteg Informatioun: D’ËnnerstĂ«tzung fir Windows 10 ass eriwwer! ⚠

Microsoft wĂ€ert kee SĂ©cherheetsupdate mĂ©i fir Windows 10 erausbrĂ©ngen. Dat heescht awer net, dass Ă€ere Computer direkt net mĂ©i funktionĂ©iert oder ufĂ€lleg fir Virussen gĂ«tt. 😌

Dir kĂ«nnt weiderhinn den Windows 10 benotzen an dat ouni Problemer. Wann wĂ€ere Computer awer Windows 11 Ă«nnerstĂ«tzt, da wier et net schlecht ze upgraden, esou bleift alles aktuell a geschĂŒtzt.

💡 Tipp: Wann Ă€ere Computer net offiziell kompatibel ass mat Windows 11, muss Dir keen neie kafen!! Et ginn Tricker fir Windows 11 trotzdem ze installĂ©ieren.

â„č Am Private verbrauch hutt Dir d'MĂ©iglechkeet den Windows 10 fir nach ee Joer SĂ©cherheetsupdate ze krĂ©ien. Fir dat musst Dir an den Windows Update goen dann den link drĂ©cken fir den "ESU".

Fir méi Informatiounen a wéi ech dir dobÀi hëllefe kann, kucks du einfach op meng WebsÀit:
🌐 www.ihelef.lu/windows-10-support/

Apple huet dëst Joer eng Rei grouss Neiegkeeten ugekënnegt: nei iPhone-Modeller, nei AirPods Pro an déi frësch Generatio...
09/09/2025

Apple huet dëst Joer eng Rei grouss Neiegkeeten ugekënnegt: nei iPhone-Modeller, nei AirPods Pro an déi frësch Generatioun vun den Apple Watches.

- iPhone 17
Et kennt a 5 Faarwen an huet elo 6.3 Zoll. ProMotion bis 120Hz, Always-On Display geet erof bis 1Hz an eng Hellegkeet vun 3000nits. Dat hellst iPhone bis elo. Start elo direkt bei 256GB SpĂ€icher. Den Ceramic Shield ass elo 3x mĂ©i staark gĂ©int Kratzer. Bannendran den A19 Chip fir mĂ©i staark Grafikleeschtung, besser CPU Effizienz an dĂ€itlech mĂ©i sĂ©ier Apple Intelligence Resultater. Mat dem schnelle Lueder kritt een 50% Akku a just 20 Minutten. D’Kamera kritt dĂ©i nei Dual Fusion 48MP Haaptkamera, an och d’Ultra Wide Lens huet elo Fusion. D’Selfie Kamera kritt Center Stage, e 2x mĂ©i grousse quadratesche Sensor fir souwuel Portrait wĂ©i och Landscape Fotoen.

Den idealen allgemenge iPhone fir all méigleche Gebrauch.
Ab 936,97€ https://www.apple.com/lu/iphone-air/

- iPhone Air (net iPhone 17 Air!)
E Bildschierm vun 6.5 Zoll mat ProMotion an och hei 3000nits Hellegkeet. Just 5.6mm dĂ«nn. 80% recyclĂ©ierten Titan, ultra liicht an stabil, mat Ceramic Shield op bĂ©ide SĂ€iten. Den A19 Pro Chip mĂ©cht den iPhone Air net nĂ«mmen mĂ©i staark wĂ©i den iPhone 17, mee och extrem effizient. D’Neural Engine ass nach eng KĂ©ier verbessert. Apple setzt fir d’éischt op eng eege Wireless Antenn mam N1 Chip fir besser Wi-Fi, Bluetooth an Thread Verbindung. DobĂ€i den C1X Modem fir en nach mĂ©i effiziente Mobilnetz. Hei gĂ«tt et just nach eSIM. Dank deene Komponente soll den iPhone Air mam iOS 26 an senger AI de ganzen Dag duerchhalen. Kamera: 48MP Fusion Haaptkamera an Center Stage Selfie.

Fir déi, déi wëllen ee mei flotten iPhone.
Ab 1188,37€ https://www.apple.com/lu/iphone-17/

- iPhone 17 Pro
E ganz neie Design a faarweg Varianten (Orange, Blo, WĂ€iss). Et huet den grĂ©issten Akku jeemools an engem iPhone an eng nei Dampkammer, fir d’HĂ«tzt besser ze verdeelen. Den A19 Pro Chip fir professionell Video a Foto, esou wĂ©i High-End Gaming. Nei Ceramic Shield 2 fir nach mĂ©i StabilitĂ©it. Selfie Kamera elo 18MP mat Center Stage. DĂ©i aner Kamerae sinn elo 48% mĂ©i grouss, all mat 48MP Sensor a Fusion. 8x opteschen Zoom, digital bis 80x mam 200mm Sensor. Fir Video: ProRAW, Genlock Support.

Den iPhone fir professionell zwecker.
Ab 1285,07€ https://www.apple.com/lu/iphone-17-pro/

- AirPods Pro (3. Generatioun)
ANC elo 2x mĂ©i genau. Nei agebaut Iwwersetzungsfunktioun duerch Apple Intelligence. Liicht verĂ€nnert Design fir besser Passform an IP57 Waasser- a StĂ«psresistenz. Elo och Fitness Features: Pulsmessung a Kalorien direkt iwwer d’AirPods. Den Akku: 8 Stonnen mat ANC, bis zu 10 Stonnen am Hearing Aid Modus.

Fri 240,70€
https://www.apple.com/lu/airpods-pro

⌚Dei nei Apple Watch Series 11 an Ultra 3 krĂ©ien ee neit Glas, 2x mĂ©i kratzerfest an och elo 5G KonnektivitĂ©it. Se kann Hypertension erkennen an elo den Sleep Score mĂ©i prĂ€zis wou den Ă«nnerscheet tĂ«scht schlofen a just am Bett leien erkennt. Den Akku vum Apple Watch Series 11 geet elo 24 Stonnen an den Ultra 3 bis 42 Stonnnen!

Den Apple Watch Series 11 ass ab 434,15€
https://www.apple.com/lu/apple-watch-series-11/

Den Apple Watch SE (3. Generatioun) kënnt mat S10 Chip, Always-On Display, Double Tap a Gesten. Et huet elo dei selwecht Fallen- an Ovulatiounserkennung an Schlooferkennung & Sleep Score. D'Lautspriecher kann elo Musek direkt ouni iPhone ofspillen a kritt 18 Stonnen Akku + Schnelllueden + 5G.

Dat fir 260,10€
https://www.apple.com/lu/apple-watch-se-3/

Wat den Apple Watch Ultra 3 nach besser kritt ass den méi hellen an gréisseren Display mat mindestens 1Hz fir een spuersamen akku bis zu 42 Stonnen. Esou ee klenge Apparat kritt och Satellitte-Verbindung an komplett aus recycléierten Titan.

Deen ass fir 869,29€
https://www.apple.com/lu/apple-watch-ultra-3/

Äddi alleguer! đŸ‘‹đŸ»Ech sinn ab dem 10. September an der Vakanz ✈.Wann Ă€r Computer Problemer mĂ«scht, da mellt iech am besc...
31/08/2025

Äddi alleguer! đŸ‘‹đŸ»
Ech sinn ab dem 10. September an der Vakanz ✈.

Wann Àr Computer Problemer mëscht, da mellt iech am beschten nach elo, well ech net genee wees, wéini ech zeréck sinn. Wahrscheinlech eréischt géint Enn September.

Heiansdo beĂ€ntweren ech meng Messagen och an der Vakanz, mee erwaard net direkt eng Äntwert. Merci fir Ă€r Gedold! 😌

An keng Suergen, et ginn nach genuch aner Techniker hei zu LĂ«tzebuerg, dĂ©i iech och gĂ€ren hĂ«llefen. âœŒđŸ»

đŸ‡«đŸ‡·: En vacances a partir du 10 septembre
🇬🇧 : In holidays starting 10th september
đŸ‡©đŸ‡Ș: In den ferien ab den 10. September
đŸ‡”đŸ‡č: Em ferias a partir do 10 septembro.

Mat iOS 26 huet Apple eng vun de gréisste VerÀnnerungen zënter iOS 7 ugekënnegt eng nei, frësch Design-Philosophie mam N...
09/06/2025

Mat iOS 26 huet Apple eng vun de grĂ©isste VerĂ€nnerungen zĂ«nter iOS 7 ugekĂ«nnegt eng nei, frĂ«sch Design-Philosophie mam Numm Liquid Glass. Alles gesĂ€it elo mĂ©i glĂ€zend, dynamesch a glaskloer aus: d’Interface passt sech un d’Beweegung un, Icons ginn animĂ©iert, a verschidde System-Astellen hu ganz nei Layouten.

Dat ass awer nĂ«mmen de visuelle Start. Mat dĂ«sem Update kĂ«nnt och Apple Intelligence, Apple seng nei AI-Plattform, dĂ©i vill Funktiounen op dem iPhone mĂ©i schlau a persĂ©inlech mĂ©cht a virun allem privat, well vill dovunner direkt um GerĂ€t geschitt an net iwwert d’Cloud. Hei sinn dĂ©i wichtegst Neiegkeeten:

🧊 Liquid Glass Design
D’Interface gouf visuell nei opgebaut: vum Home-Screen iwwer d’Notifikatiounen bis bei d’Kontrollzenter. Elementer hu mĂ©i Duerchsiicht, Kante si ronderĂ«m, an dĂ©i adaptiv Navigatioun passt sech un d’App-Notzung un. Beim Scrollen an Safari oder Fotoe rutscht d’Tabbar intelligent mat.

🧠 Apple Intelligence
Mat Apple Intelligence kommen Live Iwwersetzungen direkt an der Phone App, FaceTime oder Messages ouni dass een eng extra App brauch oder mat Serveren verbĂ«nnt. Alles leeft um iPhone selwer, fir maximal PrivatsphĂ€r. Visual Intelligence mĂ©cht Screenshoten mĂ©i notzvoll: Wann’s de eng Foto vun enger Reservation, UuerzĂ€it oder Affiche hues, erkennt iOS d’Informatioun automatesch a proposĂ©iert z.B. eng ErĂ«nnerung oder en Event an de Kalenner.

đŸ“± KompatibilitĂ©it & VerfĂŒgbaarkeet
iOS 26 leeft op iPhone 11 a méi nei. Den iPhone XR, XS a XS Max ginn net méi ënnerstëtzt an deen kënnt offiziell am Hierscht eraus.

đŸ€–: DĂ«se Text ass a menge Wieder geschriwwe ginn dunn mat AI KorrigĂ©iert ginn.

Zu Portugal an gaangen dĂ©i lescht Pabeieren prĂ«tt ze maachen fir ee GeschĂ€ft ze grĂ«nnen đŸ€—Dir all wollt onbedenkt dass ec...
01/04/2025

Zu Portugal an gaangen dĂ©i lescht Pabeieren prĂ«tt ze maachen fir ee GeschĂ€ft ze grĂ«nnen đŸ€—

Dir all wollt onbedenkt dass ech ee GeschĂ€ft opmaachen awer zu LĂ«tzebuerg ass dat alles ze komplex mat menger also kommen ech zu Portugal! đŸ‡”đŸ‡č

Natierlech kann ech Iech och op Distanz hĂ«llefen, meng trei Leit dĂ©i ech gehollef well ech nach - Ă«mmer fir iech do - sinn ❀

D'Leit hu geschwaat an ass decidĂ©iert. MĂ«ttwochs ass zou! â›”ïžđŸ“”Ech hunn Ă«mmer probĂ©iert flexibel ze sinn, mĂ€ elo ass et kl...
11/03/2025

D'Leit hu geschwaat an ass decidéiert.
MĂ«ttwochs ass zou! â›”ïžđŸ“”

Ech hunn Ă«mmer probĂ©iert flexibel ze sinn, mĂ€ elo ass et kloer, egal wat geschitt, egal wĂ©i eng Excuse gesot gĂ«tt, egal wat de Grond ass – MĂ«ttwoch ass meng Paus, a kee Rendez-vous gĂ«tt ugeholl weder beĂ€ntfweren ech Noriichten.
Merci fir Ă€ert Versteesdemech! 😊

đŸ‡«đŸ‡·: Repos le mercredi – pas de rendez-vous & pas de rĂ©ponses aux messages!
🇬🇧 :Wednesdays are my day off – no appointments & no message replies!
đŸ‡©đŸ‡Ș: Mittwochs frei – keine Termine & keine Nachrichten!
đŸ‡”đŸ‡č: Quartas sĂŁo o meu dia livre – sem marcaçÔes & sem respostas a mensagens!

28/01/2025

Ech brauch hëllef

An den leschten Joeren ass meng mental Gesondheet ëmmer méi schlëmm ginn dass ech mech ëmmer méi begrenzt fillen.

Als Kand haat ech ëmmer schwéiergkeeten gehat alleng ze sinn an op platzen ze goen an hunn dann mat da ZÀit eppes entwéckelt wat sech Agoraphobia heescht. Ech kréien Panik Attacken wann ech op platzen sinn wou ech mech net wuel fannen. DobÀi hëlleft mÀin HÀerzproblem net wierklech.

SĂ€it da Pandemie ass et dĂ€itlech mĂ©i schlĂ«mm ginn dass ech souguer keng 10 Minutten eraus wĂ€it trĂ«ppelen kann. Freck... Souguer keng 3 Minutten... Ech kann mol net op platzen goen wou ech frĂ©ier soss net konnt goen. Ech fillen mech begrenzt. DobĂ€i sinn ech kee MĂ«nsch deen elo traureg ass. Dank Ă€ere ËnnerstĂ«tzung an vun menger Famill konnt ech mech ganz wuel maachen, eventuell ze gutt doheem.

Ech wëll dat Ànneren, ech wëll kënnen ouni Gedanken nees am frÀien sinn soudass ech kann d'Saache alleng maachen, dass ech kann méi mat den Leit ënnerhuelen an eventuell Iech och kënnen besichen falls Saachen net fonctionnéieren!

Een therapist, deen mir hëllefen kann nees main Aale liewen ze kréien. Ech wëll net Recommandatiounen, ech wëll een deen mir hëllefen kéint w.e.g.

Moien alleguer! đŸ€—Mir sinn elo MĂ«tt Januar, an ech hunn an dĂ«ser kuerzer ZĂ€it scho 41 Terminer gehat. Bis elo hunn ech 8 ...
16/01/2025

Moien alleguer! đŸ€—

Mir sinn elo MĂ«tt Januar, an ech hunn an dĂ«ser kuerzer ZĂ€it scho 41 Terminer gehat. Bis elo hunn ech 8 Computer gebaut, an 6 sinn aktuell an der Maach. 😁

An der Moyenne verbrĂ©ngen ech ongefĂ©ier 1 Stonn pro Persoun, an fir ee Computer ze bauen Ă«m 2 Stonnen. DĂ©i lescht 7 Deeg war ech dacks bis 4 Auer moies mat Äntwerte beschĂ€ftegt – all Owend kommen ongefĂ©ier 40 Messagen eran, an de Moien sinn da rĂ«m 30 op mech waarden. 😼‍💹

Et deet mir leed, wann ech net direkt bannent e puer Minutten op all Noriicht Ă€ntweren kann. Verschidde Leit ginn ongedĂ«lleg, wann se erwaarden, direkt eng zweet Äntwert ze krĂ©ien. Heiansdo muss ech awer bis den nĂ€chste Dag waarden, fir op all Fro richteg kĂ«nnen ze reagĂ©ieren. đŸ˜„

Ech wĂ«ll iech just weisen, wĂ©i hektesch et de Moment ass. Ech opfere vill vun menger ZĂ€it, fir iech ze hĂ«llefen – ech stinn um 10:50 op, fir datt ech um 11:00 schonn dĂ©i Ă©ischt Persoun empfĂ€nken kann. Heiansdo verzichte ech op meng IessenszĂ€it oder verbrĂ©ng se net mat menger Famill, an oft sinn ech bis 1 Auer moies nach drun, well et fir jiddereen Ă«mmer dringend ass. 😅

Ech wĂ«ll mech entschĂ«llegen, wann ech verschidden Noriichten vergiess, verwiesselt oder duercheneen bruecht hunn. Et ass och fir mech schwĂ©ier, Ă«mmer de ganze BlĂ©ck ze behalen. Wann Dir also gĂ€re wĂ«llt laanschtkommen, fir ee Problem ze lĂ©isen, meldt Iech – awer denkt drun gedolt. 😊

Ech hoffen op Ă€ert VerstĂ€ndnis a sinn hei, fir iech weider ze hĂ«llefen. Merci fir all d’Gedold an de Respekt gĂ©intiwwer menger Aarbecht! 🙏

Wann Dir gĂ€er gĂ©ift hĂ«llefen, kĂ«nnt Dir persĂ©inlech laanschtkommen! Dir kĂ©int zum Beispill mat den Norichten Ă€ntweren, Computer bauen oder installĂ©ieren, oder och raumen an sortĂ©ieren, wĂ€hrend ech mat Leit hĂ«llefen oder selwer un engem Computer schaffen. 🙌 Ech si fir all HĂ«llef immens dankbar! 😊

Adresse

12, Rue Du Millenaire
Mamer
8254

Heures d'ouverture

Lundi 00:00 - 00:00
Mardi 00:00 - 00:00
Jeudi 00:00 - 00:00
Vendredi 00:00 - 00:00
Samedi 00:00 - 00:00
Dimanche 00:00 - 00:00

Téléphone

+352661898191

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque iHelef publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager